De Brickz konnt déi éischt Platz an der 1. Liga verdeedegen an huet sech domat am Championnat mat 8 Punkte virun de Krimo gesat.

Liga 1: Kréinenden Ofschloss fir de Brickz

Scho virun der Course war entscheet, wien an déi zweet Liga ofsteigt. Hei musse mir eis leider vum LagesRafa, Tv-Tattedupboy a vum Beaufortboy verabschiden. Nächst Joer kënnen d’Jongen an der zweeter Liga ënner Beweis stellen, wat Sie kennen.

Allerdéngs war fir déi éischt Platz nach alles dran. Hei hat de Brickz nach d’Méiglechkeet de Krimo, dee virun der Course nach op der Plaz 1 war, z'iwwerhuelen. Dofir misst hien awer op d'mannst 2. ginn an een Zousazpunkt huelen. Dat heescht hie misst entweder déi séierst Ronn fueren oder Stroffräi bléiwen.

An der Quali konnt sech den drëttplacéierten ASinati d’Pole sécheren. De Brickz konnt sech op déi aussichtsräich zweet Platz positionéieren, dat virum Wayne op der drëtter Platz. Fir de Brickz huet dat geheescht, déi zweet Platz ze verdeedegen an dobäi keng Strof ze kréien.

Den Asinati ass schonn an der zweeter Ronn DNF gaangen, sou dass de Brickz, deen seng zweet Platz beim Start konnt verdeedegen, lo als éischte konnt d’Course leeden. De Wayne wollt dem Brickz déi éischt Plaz awer net schenken, sou dass hie quasi déi ganz Course Drock op de Brickz opgebaut huet.

De Brickz konnt awer déi éischt Platz verdeedegen an huet sech domat am Championnat mat 8 Punkte virun de Krimo gesat. Soumat kënne mir de Brickz fir déi formidabel Saison begléckwënschen, an där hien an der leschter Course d’Kroun konnt opsetzen. Domat steet de Champion an der Saison 2 vun der Liga 1 fest.

RTL
RTL

Liga 2: Den Capdo gëtt Weltmeeschter, Ferrari hëlt KWM an den AiimDevil zwéngt sech nach an d'Liga 1

De Capdo gëtt Weltmeeschter, Ferrari hëlt KWM an den AiimDevil zwéngt sech nach an d'Liga 1

Am leschte Renne vun da Saison ass et drënner an driwwer gaangen, de Capdo war scho sécher Weltmeeschter virun da Course a soumat war dat ganzt eng Victoire-Ronn fir hien. Verschiddene Safety Cars hunn ma gesinn am Laf vun da Course, sou dass d'Feld ëmmer ganz no beienee bliwwen ass.

De kloren Gewënner vum Dag ass den OG_Topfmeister deen de Grand-Slam mat heem geholl huet. (Schnellst Quali-Ronn, schnellst Ronn am Rennen an 1. Plaz) Den AiimDevil konnt och profitéiere vun de Feeler vu sengem Teammate dem Bayernman, deen net an d'Punkte gefuer ass an den AiimDevil mat engem Podium sou genuch Punkten huet, fir an d'Liga 1 opzesteigen.

Beim Ofstig huet de Luis et leider net gepackt, an da Liga 2 ze bleiwen, well hien duerch eng Kollisioun mam Capdo an da drëttleschter Ronn säi Renne konnt vergiessen.

Fir d'Saison 3, déi am August 2022 ufänkt, kënne mer vill erwaarden: nei Leit, déi aus der Liga 3 opsteigen a richteg schnell sinn an och Fuerer, déi aus der Liga 1 ofsteigen a bei deenen ee weess, dass se eng gutt Pace kënne fueren.

RTL
RTL

Liga 3: Blasterjaxx hëlt sech den Titel!

Um leschte Renndag vun da Saison a Liga 3 huet de "Schmatt" sech d'Pole geséchert, dat virum "Blasterjaxx" an "Tothethree" am dréchenen Albert Park.

An da Course konnt de "Blasterjaxx" sech duerchsetzen an huet sech de WM-Titel an da Liga 3 geséchert. De Schmatt kënnt op eng verdéngten 2. Plaz an de Gesamtstandings. Den "Mistic" huet fir eng grouss Iwwerraschung gesuergt an deem en an der leschter Course op de Podium gefuer ass a wichteg Punkte geholl huet fir d'Ecurie Mercedes-AMG Petronas.

De "Ben10runsfast" an "Foxzenit" koumen am Endresultat béid op 35 Punkten, sou dass missten d'Gesamt-Moyenne an déi bescht Placéierung aus all de Coursen entscheeden, wie vu béide Spiller opsteigt. Do ass dann den "Ben10runsfast" als Gewënner rausgaangen a fiert vun nächster Saison un an der Liga 2.

D'Ecurie "Alpha Tauri" huet d'Konstrukteur-WM gewonnen. Et war rëm eng interessant Course an der Liga 3, wou et nach fir verschiddener ëm vill gaangen ass. Mir si gespaant, wéi d'Opsteiger an da Liga 2 vun der Saison 3 wäerten ofschneiden.

RTL
RTL