Den éischte Spilldag steet virun der Dier
De Mëttwoch den 22. Mäerz ass et nees sou wäit – den éischte Spilldag vun der Orange eLeague Regular Season gëtt gespillt.
12 Ekippe wäerte sech iwwer 11 Spilldeeg géintenee moossen, mam Zil den 13. Mee 2023 an der Teams-Finall ze stoen. All Spilldag spillen d’Ekippen zwee 1v1. Matcher an een 2v2-Match géinteneen, mat jeeweils engem Hin- a Réckspill.
Den 1. Spilldag

Um 1. Spilldag gëtt de Match F91 Diddeleng géint Marisca Miersch live am Stream op RTL an Twitch iwwerdroen. Am Verglach zur leschter Saison, trëtt den F91 mat de selwechte Spiller un, wärend déi Mierscher mam zKing_BarcazZ en neie Spiller an der Ekipp begréisse kënnen. Am Stream ginn d’Matcher vum bossAC2509 géint de byyni, souwéi den 2v2 vun den zwou Ekippen iwwerdroen.
Mam Match Swift Hesper géint Union Réimech-Bous steet direkt den 1. Spilldag en Toppmatch um Programm. D’URB geet och dës Joer rëm mam Rainbow6david9 a MamelMu94 un de Start, wärend den LxbFifa fir Hesper mam LouisLux8 en neie Matspiller an der Ekipp huet.
Ofzewaarde bleift wéi den Titelverdeedeger UN Käerjeng 97 mat sengen zwee neie Spiller, Tomi an ZaBeast95, anzeschätzen ass. Déi Käerjenger spillen um 1. Spilldag géint US Hueschtert.
Den 1. Spilldag am Iwwerbléck:
