Um Mëttwoch den 29. Mäerz war den éischten duebele Spilldag an der Orange eLeague un. Iwwerdroe gouf vun 19 Auer un e Mëttwoch den Owend.

Vum 2. Spilldag u mussen d’Ekippe jeeweils géint zwee verschidde Veräiner pro Matchday untrieden. Gespillt gëtt nach ëmmer am 2x 1v1- an 1x 2v2-Modus, mat jeeweils engem Hin- a Réckspill.

De Match US Hueschtert (9 Punkten) géint Fola Esch (0 Punkten) gëtt live hei am Stream op RTL, RTL Play an Twitch iwwerdroen. Bei dësem Zesummentreffen triede véier nei Spiller an der Orange eLeague un, bei Hueschtert sinn dëst de LordKarim an den eGavi a bei der Fola sinn dat de Vladyl38 an den El_74Mokado.

Am Stream ginn d’Matcher vum LordKarim géint den El-74Mokado, souwéi den 2v2 vun den zwou Ekippen iwwerdroen.

Nodeems d’Marisca Miersch um 1. Spilldag déi 9 Punkte konnt afueren, hu si dës Woch 2 Toppmatcher um Programm, dat géint Alisontia Steesel a Progrès Nidderkuer.

Et kann een och gespaant sinn, wien am Match UN Käerjeng 97 – F91 Diddeleng seng éischt Punkten am Championnat hëlt.

Hei den 2. Spilldag am Iwwerbléck:

RTL
RTL