De 6. a leschte Spilldag vun der Saison, kuerz virun de Finallen
Um leschte Spilldag vun der Orange eLeague 2023 iwwerdroe mir zwou Partien dëse Mëttwoch live am Stream. Et bleift bis zu lescht spannend!
An dëst Renconteren si keng aner wéi den Tabellenéischten Swift Hesper, deen op den Zweeten am Ranking trëfft, de Progrès Nidderkuer. D’Alisontia Steesel (4.) spillt dann géint d’Union Réimech-Bous (3.). Dës Matcher vun direkte Konkurrenten entscheeden och ween am Playoff e Samschden den 13. Mee géinteneen untrëtt.
D’US Hueschtert huet als 5. och nach eng Chance sech fir de "Final Four" ze qualifizéieren, mee dofir muss d'Ekipp als éischt hir Matcher géint Diddeleng an Nidderkuer gewannen. Dës Matcher gi live am Stream op RTL an Twitch iwwerdroen.
Hei ass de6. Spilldag am Iwwerbléck:

