Louis Trierweiler a Georges Geraldo gi fir hir Leeschtung belount

E Méindeg den Owend krute béid eSportler de Präis am Kader vun hirer Leeschtung vun der Team Edition an der Orange eLeague iwwerreecht.
Organiséiert gëtt den Dribble d'Or vu Moien Mental. Eng ronn 900 Persoune waren am Atelier wärend dëser Soirée dobäi, wou et jo reng ëm de Futtball an ëm d'Leeschtungen an dëser Sportaart geet.
An hei goufen och de Louis Trierweiler an de Georges Geraldo fir hir Victoire vun der Orange eLeague 2023 an der Team Editioun geéiert. Déi béid talentéiert Spiller hu jo d'Saison fir Swift Heserange gespillt.

© Orange eLeague
Béid Spiller hunn dann och op der Bün nach eemol hir Freet ënnerstrach, d'Orange eLeague dëst Joer gewonnen ze hunn. Dobäi gouf dann och dem jeeweilege Matspiller fir déi gutt Saison Merci gesot. Och wiere si grad elo besonnesch motivéiert fir d'Finall am der individueller Editioun an der Orange eLeague, déi den 10. Juni ass an och bei eis op RTL live am Stream iwwerdroe gëtt.