Béid Lëtzebuerger Ekippen, nämlech "Fire Foxes" a "Lunatics", déi fir d'VR League op Milan an Italien geschéckt goufen, stoungen zum Schluss an der Finall.

Déi zwou Lëtzebuerger Ekippen sinn an der Halleffinall géint Italien gefall an hu sech hei ouni Problem konnten duerchsetzen. Sou stoungen also béid Lëtzebuerger Ekippen an der Finall, an där sech dunn zum Schluss d'Team "Fire Foxes" mat 3:0 duerchsetze konnt an domadder Euromeeschter vun der VR League an Europa gouf.

Dëst war déi éischten Editioun vun der VR League, e Price-Pool gouf et dohier nach net. Op alle Fall si Lëtzebuerg fir déi nächsten Editioun déi kloer Favoritten.

Weider Informatiounen an Detailer ginn et hei!