Universitéit Lunex iwwerreecht Spiller hire Certificat

© Orange eLeague
Dës Certificaten goungen un all d'Spiller, déi op d'mannst 80% vun der Formatiounsunitéite matgemaach hunn.
Hei goung et drëms d'Kompetenzen am d'Spillverhale vun den eSportler ze verbesseren.
Am der kompetitiver Welt vun de Videospiller si Formatiounen am eSport ëmmer méi wichteg, jo souguer deels essentiel ginn. Hei kréien d'Gamer avancéiert Strategien a Spilltechniken bäibruecht a Prezisioun, Koordinatioun a schnell Decisiounen wärend Partien huele ginn hei verdéift.
Spiller déi dës Formatioun mat Succès ofgeschloss hunn, si spéider besser an der Lag, sech um internationalen eSport-Parquet ze behaapten. Betount gëtt säitens Orange, dass Spiller vun ënnerschiddlechen Niveauen ausgezeechent goufen, wat weist, dass d'Formatiounen adaptéiert sinn fir jiddereen, dee seng Kompetenzen am Gaming verbessere wëll.