Lëtzebuerg stéisst op Dänemark, Frankräich, Polen an d'Tierkei

© FLF/Orange
Déi Lëtzebuerger Nationalekipp hat sech jo souverän fir d'Playoffs vun de FIFAe Nations Series virun engem Mount qualifizéiert.
Am Grupp C stéisst Lëtzebuerger also den 18. an 19. Mee op d'Géigner Dänemark, Frankräich, Polen an Tierkei.
Wann d'Ekipp sech ënnert deene 4 Beschte klasséiert, kënnt een dann an d'Aachtelsfinall e Samschdeg 20. Mee. Wann een hei gewanne kann, qualifizéiert Lëtzebuerg sech fir d'Halleffinall vum FIFAe Nations Cup 2023.
D'Halleffinall an d'Final ginn dann e Sonndeg 21. Mee gespillt.
D'Matcher vun der Lëtzebuerger Nationalekipp gi live op Twitch iwwerdroen. Den 1. Match ass den 18. Mee um 17.30 Auer, dat géint Frankräich. Méi Detailer an Infoen ginn et um offizielle Site vun der FIFAe Nations Series 2023. Hei en Iwwerbléck vum ganze Programm vun der Lëtzebuerger Ekipp.
Hei d'Infoe vun den eenzele Spiller

© FLF/Orange
Numm: Fabio “xfabinhoo_” Martins David Numm: Georges “Lxbfifa” Geraldo
Alter: 23 ans Alter: 23 Joer
Ekipp: Progrès Niederkorn (Free Agent) Ekipp: Swift Hesperange (White Lion Esports)
Sozial Medien: Twitch, Instagram, Twitter Sozial Medien: Twitch, Instagram, Twitter
Numm: “Ivanilson” Lopes Pinto Numm: Louis “LouisLux” Trierweiler
Alter: 20 Joer Alter: 18 Joer
Ekipp: Progrès Niederkorn (Free Agent) Ekipp: Swift Hesperange (White Lion Esports)
Sozial Medien: Twitch, Instagram, Twitter Sozial Medien: Twitch, Instagram, Twitter