Hien huet alleguerten d’Matcher an der individueller Kompetitioun gewonnen a säin Titel vum leschte Joer verdeedegt.

“Ivanilson” Lopes Pinto huet sech an der Finall an engem ganz spannenden Match géint säin Nidderkuer Teamkolleg Fabio “xfabinhoo_” Martins David duerchgesat.

Orange eLeague 2023
D'Highlights aus der Final

Béid Spiller hu sech domadder fir d’Play-Ins vun der EA SPORTS FIFA 23 Global Series qualifizéiert a spille schon en Dënschden den 13. , respektiv e Mëttwoch den 14. Juni weider.

Ëm déi 3. Plaz huet sech de Spiller vum Swift Hesper Georges “Lxbfifa” Geraldo missen géint den xfabinhoo_ geschloen ginn.

RTL

© Orange eLeague

4. ass den zweeten Spiller vun Hesper gin, Louis “LouisLux8” Trierweiler. Hien konnt sech net géint säin Teamkolleg Lxbfifa duerchsetzen.

De Stream vun der Finall kënnt dir vun en Dënschdeg un nach emol ob RTL Play kucken.

Weider Informatiounen zu den Playins fannt dir ob eisen Social Media Accounts op Facebook, Instagram an Twitter.