An der éischter Partie am Billie Jean King Cup am Europa-Afrika Grupp 2 zu Vierumaki a Finnland hunn d'Lëtzebuerger Tennisdammen 1:2 géint Israel verluer.

An de Simplen huet d'Mandy Minella no 2 Stonnen an 38 Minutten an 3 haartëmkämpfte Sätz géint hir Géignerin gewonnen. D'Marie Weckerle huet kloer an zwee Sätz géint hir Géigeniwwer verluer. Am decisiven Dubbel hu sech dunn d'Mandy Minella an d'Claudine Schaul an zwee Sätz misse geschloe ginn.

E Mëttwoch spillen d'FLT-Damme géint Litauen.