Am Billie Jean King Cup am Tennis gewannen d‘Lëtzebuerger Dammen an hirem leschte Match am Europa/Afrika Grupp 2 mat 2:1 géint den Organisateur Finnland.

Hanner Litauen an Israel kommen d‘Lëtzebuergerinnen um Enn op déi 3. Plaz an der Tabell a mussen um Freideg een decisive Match spillen, fir am Europa/Afrika Grupp 2 ze bleiwen.