
D'Lëtzebuerger Delegatioun a Finnland. / © FLT / Facebook
Minella a Co hu sech e Freideg missen am Relegatiounsmatch mat 1:2 géint Griichenland geschloe ginn.
D'Lëtzebuerger Tennisdammen hate sech dës Woch a Finnland beim Billie Jean King Cup (fréiere Fed Cup) virgeholl, an der Europa/Afrika Grupp 2 ze bleiwen, ma dorausser ass näischt ginn.
Am decisive Match hunn d'Lëtzebuergerinnen e Freideg mat 1:2 géint Griichenland verluer. D'Mandy Minella konnt hiren Eenzel gewannen, ma d'Marie Weckerle huet hire verluer an am Dubbel huet sech de Lëtzebuerger Duo Minella/Schaul och misse geschloe ginn.
D'FLT-Damme spillen domadder elo nees an der Europa/Afrika Grupp 3.
Am meeschte gelies