De Lëtzebuerger Sportzaldot huet beim Schwammfest vum Club vun Diddeleng e neie Lëtzebuerger Rekord am 50 Meter Baseng iwwer 50 Meter Papillon realiséiert.

Am Schwammen huet de Julien Henx no 27 Méint nees zougeschloen. Den Henx schléit no 23 Sekonnen a 55 Honnertstel un a verbessert säin ale Rekord vu virun iwwer zwee Joer ëm 8 Honnertstel.