Bei enger Course zu Nairobi ass d'Patrizia van der Weken déi nei Beschtzäit gelaf.

De Lëtzebuerger Rekord iwwer 100 Meter steet zanter e Samschdeg den Owend bei 11 Sekonnen a 35 Honnertstel. D'Patrizia van der Weken huet dës nei Beschtzäit bei engem Meeting zu Nairobi realiséiert. Hire eegene Lëtzebuerger Rekord stoung virdru bei 11 Sekonnen a 50 Honnertstel. Um Enn war et déi 4. Plaz fir d'van der Weken.