Am Tennis huet den 19 Joer jonke Carlos Alcaraz den ATP-Masters zu Madrid gewonnen.

An der Finall huet de Spuenier dem Däitschen Alexander Zverev keng Chance gelooss a kloer an zwee Sätz mat 6:3 a 6:1 gewonnen. Um Wee an d'Finall hat den Alcaraz schonn de Rafael Nadal an den Novak Djokovic eliminéiert.