Nom Enn vu senger Karriär als Quarterback wäert de siwefache Super-Bowl-Gewënner op der amerikanescher Tëlee d'Roll vum Expert iwwerhuelen.

Sechs Wochen, nodeems den Tom Brady seng Karriär un den Nol gehaangen hat, huet de Star-Quarterback wësse gedoen, op d'mannst ee Joer bei de Bucs drunzehänken. Wann hie sech awer bis entscheet, dem Spillfeld endgülteg de Réck ze kéieren, waart schonn eng nei Karriär op hien, déi vill Geld versprécht.

Wéi Fox matdeelt, hätte si en "laangfristegt Ofkommes" mam Football-Star. Informatioune vun der New York Post no soll de GOAT ("Greatest Of All Time") an engem Zäitraum vun 10 Joer 375 Milliounen Dollar verdéngen, wat pro Joer 37,5 Milliounen Dollar wieren. Domat iwwertrëfft de 44 Joer ale Brady déi duerchschnëttlech Pai vun den Top-Kommentatoren Tony Romo (CBS) und Troy Aikman (ESPN), déi bei ronn 18 Millioune läit.

Am Vertrag soll awer net festgehale gi sinn, wéini de Brady mat sengem neien Job ufänke wäert.