Gespillt gëtt vum 21. Mee bis den 9. Juli 2022.

E Samschdeg fänkt d'Seat League, de Seniors Interclub fir Dammen an Hären an der Nationale I, un. D'Finalle ginn den 9. Juli gespillt. Jeeweils 8 Ekippen triede bei den Dammen an Hären un, fir de Champion ze ermëttelen.

Bei den Damme spillen 2022 dës Ekippen:

Den Titelverdeedeger Tennis Spora, den TC Diddeleng, den TC Péiteng, den TC Bouneweg, den Tennis Houwald, den TC Arquebusiers, den TC Gréiwemaacher an den TC Stengefort.

Bei den Häre spillen 2022 dës Ekippen:

De Champion vun 2021 TC Schëffleng, den TC Cap On Line, den Tennis Spora, den TC Arquebusiers, den TC Esch, den TC Péiteng, den TC Houwald an den TC Jonglënster.

Den 1. Spilldag sinn dës Partien:

Dammen

Péiteng - Spora (14h)

Bouneweg - Arquebusiers (14h)

Houwald - Gréiwemaacher (14h)

Diddeleng - Stengefort (12h)

Hären

Jonglënster - Cap on Line (14h)

Arquebusiers - Houwald (14h)

Spora - Esch (14h)

Péiteng - Schëffleng (14h)

All d'Resultater an d'Tabelle fann Dir ëmmer online um Internetsite vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun.

RTL