
© FLT / Facebook
Bei den Hären huet de Champion vun zejoert Schëffleng sech missen zu Péiteng geschloe ginn.
E Samschdeg huet d'Seat League, de Seniors Interclub fir Dammen an Hären an der Nationale I, ugefaangen.
Beim Optakt gouf et Victoirë fir d'Spora, d'Schéiss a Stengefort bei den Dammen. Den Houwald a Gréiwemaacher hu 4:4 gläich gespillt.
Klickt hei, fir op d'Iwwersiichtssäit mat de Resultater vun den Dammen ze kommen.
Bei den Häre gouf et e Succès fir d'Spora, d'Schéiss, Cap on Line a Péiteng.
Klickt hei, fir op d'Iwwersiichtssäit mat de Resultater vun den Hären ze kommen.
All d'Detailer zu de Rencontere fannt Dir um Internetsite vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun.