Déi lescht Saison souz nach de Jeff Saibene beim Stater Veräin op der Trainerbänk, ma hien hat sech no der Coupe-Victoire zeréckgezunn.

Am nationale Futtball huet de Racing mam 37 Joer ale Fahrudin Kuduzovic e Successeur fir de Jeff Saibene um Trainerposte fonnt. Hien huet e Kontrakt bis Juni 2024 ënnerschriwwen.

De Fahrudin Kuduzovic ass keen Onbekannten am Grand-Duché. Hien huet fir den RM Hamm Benfica, Munneref an d'Millebaach gespillt. Wärend der Saison 18/19 war hien och Trainer an der Millebaach. Zanter Juli 2019 war hie Co-Trainer bei der Eintracht vun Tréier, de Veräin spillt aktuell an der däitscher Oberliga Rheinland-Pfalz. Elo sëtzt hien da vun der nächster Saison un um Trainerstull beim Racing.