Bei herrlechem Summerwieder huet eng Rekordzuel vu 43 Gemengen an honnerten Atelieren all méiglech Sportaarten ugebueden.

Lëtzebuerg beweegt sech net genuch. Dat wësse mer zanter Joren, ma d’Pandemie huet d’Situatioun nach verschlëmmert. Ouni Aschränkunge vu där Pandemie haten e Samschdeg awer ganz vill Kanner, Jugendlecher an Erwuessener Loscht, sech ze beweegen.

Bei herrlechem Summerwieder huet eng Rekordzuel vu 43 Gemengen an honnerten Atelieren all méiglech - an och onméiglech - Sportaarten ugebueden.

Cornhole kënnt als Fräizäitsport aus den USA. Scho Stonne virun de grousse Sportsevenementer trëfft ee sech um Parking, fir ze grillen, spillt da mateneen a géinteneen.

Beim onkomplizéierte Street Racket geet et dogéint guer net ëm d'Gewannen, ma fir zesummen ze spillen. Iwwerall, mat wéineg Moyenen. Ee bëssi Kräid, ee puer Schléier an ee Ball ginn duer.

Op an nieft de Baggerweieren huet d’Schengener Gemeng natierlech all Méiglechkeeten. Ma och all déi aner Gemengen hu ganz vill ugebueden. Bodykicker, Calistenics, Crossminton, Discgolf, Goalball, Intrinity, Shuffleboard oder Spikeboard: bei enger sëllege Sportaarte muss ee fir d’éischt googelen, wann ee wëll wëssen, wat op een duer kënnt.

2009 gouf déi éischt Nuit du Sport a grad emol 4 Gemengen organiséiert a 400 Leit hunn do mat gemaach. 2019 hu sech du schonns iwwer 9.000 Leit dofir begeeschtert. 2020 ass se natierlech ausgefall an 2021 war kleng a virsiichteg. Un dëser 13. Editioun hunn elo souvill Leit wéi nach ni deelgeholl. Trotz Corona ass d’Freed un der Beweegung bei deene meeschte weider grouss.

Bei der Nuit du Sport geet et virun allem ëm de Spaass un der Beweegung. Dat kënnen, awer mussen net nei, exotesch Sportaarte sinn. Och de méi normale Sport gouf gären ausprobéiert.

Och wa sech de Sportsministère an de Service National de la Jeunesse verantwortlech zeechnen, esou läit d’Organisatioun bei den eenzele Gemengen. Vun deene mécht mëttlerweil knapps d’Hallschent mat an et géing natierlech net ouni d’Hëllef vu de Verbänn a Veräiner goen. Déi hoffen domadder, dat eent oder anert Talent fir hire Sport ze begeeschteren.

Impressioune vun der Nuit du Sport am Préizerdaul

Offiziellt Schreiwes

Franc succès pour la 13e édition de la «Nuit du sport» (11.06.2022)

Communiqué par : Service national de la jeunesse (SNJ) / ministère des Sports

Ce samedi, 11 juin, la 13e édition de la «Nuit du sport» a attiré pas moins de 15.000 participants − un nouveau record. Après une édition annulée en 2020, suivie d’une édition limitée dû à la crise sanitaire en 2021, cette année a vu 43 communes et organisateurs suivre l'appel national pour se joindre à l'initiative et proposer une soirée d'activités sportives et physiques. Une météo très clémente était également de la partie pour soutenir les organisateurs en attirant un beau monde à sortir et à passer une soirée sportive, conviviale et festive.

Découvrir de nouvelles disciplines sportives et trouver goût à l’activité physique et au mouvement, est l’objectif de l’initiative lancée et coordonnée depuis 2009 par le Service national de la jeunesse et le ministère des Sports dans le cadre du plan d’action national «Gesond iessen, Méi beweegen».

En tout, quelques 150 activités et ateliers, de l’AirTramp au water-polo, en passant par le Beach Soccer, la danse orientale et le Muay Thaï, ont été proposés par des maisons de jeunes, des associations, des clubs sportifs, des maisons relais ou des services communaux. Au-delà des disciplines sportives classiques, la programmation très variée a inclus notamment des shows, animations et ateliers bien visités avec des artistes et champions de renom, tels Viki Gómez, Marie Schreiber ou encore Sven Fielitz.

Les activités proposées lors de la «Nuit du sport» se distinguent surtout par leur originalité, leur caractère intergénérationnel et inclusif. Les participants − citoyens de tous les horizons, quels que soient leur statut social, nationalité, âge et prédisposition physique − ont ainsi pu (re)trouver goût à l’activité physique et à un mode de vie sain.

Les échos des organisateurs et participants témoignent du beau succès de l’évènement: «on voit que les gens veulent sortir de chez eux et faire des nouvelles expériences, surtout dans le sport»; «la Nuit du sport m’a beaucoup plu et c’est quelque chose d’unique au Luxembourg»; «cette expérience nous incite à nous inscrire dans un club de capoeira»; «l’occasion de découvrir un sport en famille»; ou encore «j’ai eu l’opportunité d’essayer tellement de disciplines sportives différentes!».

La 13e édition s’est déroulée dans les communes suivantes: Beckerich, Bettembourg, Betzdorf, Bissen, Clervaux, Colmar-Berg, Contern, Differdange, Echternach, Esch-sur-Alzette, Esch-sur-Sûre, Feulen, Fischbach, Frisange, Grevenmacher, Grousbous, Helperknapp, Hesperange, Junglinster, Kayl, Koerich, Kopstal, Larochette, Leudelange, Lorentzweiler, Luxembourg, Mamer, Manternach, Mersch, Mondercange, Mondorf-les-Bains, Niederanven, Nommern, Pétange, Préizerdaul, Roeser, Rumelange, Sandweiler, Schengen, Schieren, Schuttrange, Wahl et Wiltz.

Les informations détaillées sur toutes les activités, les photos de l’évènement et les communes participantes peuvent être consultées en ligne sur le site web: www.nuitdusport.lu.