
© Roland Miny (Archiv)
Beim Diamond League Meeting zu Oslo konnt de Charel Grethen iwwer d'Meil en neie Lëtzebuerger Rekord lafen.
Neie Rekord vu Charel Grethen / Reportage Franky Hippert
De Lëtzebuerger Sportler vum Joer huet sech an enger Zäit vun 3 Minutten, 53 Sekonnen an 20 Honnertstel als Fënnefte vun der Course klasséiert. De ale Lëtzebuerger Rekord vum Justin Gloden aus dem Joer 1980 louch bei 3:59:4.
D'Course gouf vum Jakob Ingebrigtsen gewonnen. Den Norweger ass an 3:46:46 déi séiersten Zäit zanter 21 Joer op der Meil gelaf.
Am meeschte gelies