E Samschdeg ass den Diddelenger als éischte Schwëmmer vun der Lëtzebuerger Delegatioun zu Budapest an Ungarn an d'Waasser gesprongen.

E Samschdeg de Moien ass op der Schwamm-WM zu Budapest fir de Julien Henx de Chrono iwwer 50 Meter Papillon no 23 Sekonnen an 69 Honnertstel stoe bliwwen. De Lëtzebuerger ass domadder 14 Honnertstel iwwer sengem eegenen nationale Rekord bliwwen a kënnt um Enn op déi 26. Plaz ënner 71 Schwëmmer.

Déi 16 séierst Schwëmmer hu sech fir d'Halleffinalle qualifizéiert.

Fir de Julien Henx stoung zu Budapest just dës Course um Programm.

Bei der WM am Asaz sinn nach de Ralph Daleiden, de Rémi Fabiani an de Max Mannes. D’Monique Olivier sollt och matgoen, mä e positive Coronatest koum dertëscht.