Am Europa-Grupp 3 konnten Alex Knaff a Chris Rodesch sech mat 2:1 géint de Géigner aus Moldawien duerchsetzen.

Am 1. Match hat de Chris Rodesch an 2 Sätz géint den Ilya Snitari verluer. Am zweete Simpel war et en 3-Saz-Erfolleg vum Alex Knaff géint den Alexander Cozbinov.

D'Decisioun ass deemno am Dubbel gefall, deen och Knaff a Rodesch gespillt hunn. Hei war et um Enn eng däitlech Victoire an 2 Sätz mat 6:1 a 6:3.