An eiser Serie iwwert d’Lëtzebuerger Sportler a Corona-Zäite kucke mir déi Kéier op ee Lëtzebuerger Boxer.

De Michel Erpelding boxt réischt zanter dem Alter vu 16 Joer. Den haut 25 Joer ale Sportler huet als éischt Basket gespillt, éier hien de Boxsport fir sech entdeckt huet. Dee Boxsport huet de COSL-Promotiounskader-Athlet dann och an d'Ausland gezunn.

Mëtt Mäerz war e Qualifikatiounstournoi fir Olympia ugesat, de jonken Athlet hat sech awer nëmme kuerz virdru blesséiert.

Tokio ass a bleift en Thema fir de Boxer, deen esou vun der momentaner Situatioun Profit kéint zéien.

De Michel Erpelding huet Ambitiounen an elo Zäit, sech Gewëssenhaft dorop virzebereeden, dat momentan souguer am familiären Ëmfeld.

D'Serie "Sportler a Corona-Zäiten am Replay" am Replay