An eiser Serie iwwert d’Lëtzebuerger Sportler a Corona-Zäite kucke mir déi Kéier op eng Lëtzebuerger Sportlerin aus dem Sportslycée.

An eiser Serie iwwert d'Lëtzebuerger Sportler a wéi si mat der Corona-Kris ëmginn, geet et dës Kéier ëm en Nowuesstalent aus dem Triathlon. D'Eva Daniëls gouf an de leschte Wochen duebel vum Confinement getraff. Déi 19 Joer al Schülerin aus dem Sportlycée gouf net nëmmen am Training ageschränkt, mä huet och nach gläich Premièresexamen. Trotzdeem krut d'Eva Daniëls béides gutt ënnert een Hutt.

D'Eva Daniëls gehéiert aktuell zu den 20 beschte Juniorinnen am Triathlon weltwäit. Hir grouss Ziler sinn dës Saison d'EM zu Tartu an d'Weltmeeschterschaft zu Edmonton. Virdru gëllt et awer nach en aneren Defi ze meeschteren. Nämlech d'Première G. Dofir ass d'Schülerin frou gläich erëm kënnen an d'Schoul ze goen, fir sech mat Frënn an Proffen auszetauschen. D'Coronakris hat och d'Eva Daniëls e bëssen iwwerrascht.
Eva Daniëls, Athletin aus dem COSL Promotiounskader: "Ech krut d'Verbreedung vum Coronavirus relativ fréi mat. Richteg realiséiert hunn ech awer eréischt, wou d'Schoulen zougaangen sinn an ech mech gefrot hunn, wéini ech erëm ka schwammen goen."

Zanter de leschte Wochen ass d'Eva Daniëls doheem an huet säin Trainingsprogramm un déi nei Situatioun adaptéiert. An och, wann et net ëmmer einfach ass, well déi 19 Joer Triathletin sech net beschwéieren.

Eva Daniëls: "Mäin Trainer lieft a Frankräich an hien dierf wierklech guer net eraus. Ech kann hei nach eraus lafen a Vëlofueren goen an dat ass e grousse Virdeel."

Ausser d'Léiere lenkt d'Eva Daniëls näischt vum Training of. Dofir ka si e grousse Pensum absolvéieren a probéiert dann och alles iergendwéi positiv ze gesinn.

Eva Daniëls: "Ech ka lo Saachen trainéieren, fir déi ech ni Zäit hat. Ech hu mam Baken en neien Hobby entdeckt an hunn och vill méi Zäit fir meng Famill a meng kleng Schwëster. Negativ ass sécher, dass ech net ka schwammen goen, mä dofir hunn ech eng kleng Piscine am Gaart, an där ech mat engem Lastik ka schwammen goen."

D'Eva Daniëls probéiert dat Bescht aus all Situatioun ze maachen. Dofir wier d'Schülerin scho frou, dës Saison 1-2 Courssë kënnen ze maachen. Dat nächst Zil ass awer kloer: de Premièresexamen.

D'Serie "Sportler a Corona-Zäiten am Replay" am Replay