D´APEP encouragéiert ënnert anerem d'Elteren, fir hir Kanner zu reegelméissege Beweegungs- a Sportaktivitéiten unzereegen an ze motivéieren.

D'Lëtzebuerger Associatioun vun de Sportsproffen huet an engem Schreiwes kloer gemaach, datt een net begeeschtert ass iwwert d'Decisioun, datt bis Enn vum Schouljoer kee Sport méi ass.

Et huet ee wuel Versteesdemech, datt et aktuell komplizéiert wier an et eng speziell Situatioun ass, allerdéngs hätt een mëttelfristeg duerchaus Alternativen fonnt.

Et hätt ee kloer Reegelen missten opstellen a festhalen, ënnert wéi enger Hygiène vereenzelt Sportaarten wéi Dëschtennis, Badminton oder am Ausdauerberäich hätte kenne bäibehalen ginn, sot de President vun der APEP Claude Schumacher am RTL-Interview.

Et dierf een net vergiessen, datt déi aktuell Beweegungsaschränkung ee groussen Impakt op d'Schüler kann hunn.

"No 10 Deeg huet ee schonn déi éischt Auswierkungen, Muskelen an de Kreeslaf leiden drënner a ginn méi schwaach, Gehier gëtt da manner duerchblutt. Dat sinn natierlech alles Auswierkungen, déi sech net nëmmen op déi kierperlech Fäegkeeten bezéien, mä natierlech och ganz staark op déi psychesch an kognitiv Fäegkeeten wierken."

Et gouf och keen Dialog tëscht deene politesch Responsabelen an de Sportsproffen iwwert dës Decisioun.

"Nee, mir sinn do weder gefrot nach vun eisem Ministère am Virfeld informéiert ginn. Dat ass sécherlech doduerch bedéngt, datt de Schoulsport aktuell hire mannste Problem ass, an awer ass et schued, datt dat Ganzt quasi an engem Niewesaz an onkommentéiert annoncéiert gouf. Et hätt een do duerchaus kënnen drop hiweisen, datt d'Beweegung wichteg ass an ee groussen Impakt huet op d'Wuelbefanne vun de Kanner a Jugendlechen."

No der Decisioun, datt kee Sport bis Enn vum Schouljoer ass, läit d'Responsabilitéit domat aktuell an och an den nächste Wochen forcement bei den Elteren, sou de Claude Schumacher.

"Mir encouragéieren an enger éischter Linn mol d'Schüler selwer, datt si sech solle fit halen, mä natierlech ass dat vill méi einfach, wann d'Eltere mat engagéiert an involvéiert sinn."