Tim Hall an Eldin Dzogovic nees mat dobäi

© Val Wagner
De Futtball Nationaltrainer huet den 23 Mann staarke Kader bekannt ginn, fir déi 2 EM-Qualifikatiounsmatcher géint d'Slowakei an hei heem géint Portugal.
Zwee Leit sinn awer nees no enger méi laanger Paus zeréck am Kader. Nämlech den Tim Hall vu Budapest an den Eldin Dzogovic vu Magdeburg. De Kader fir déi zwou Partien ass ouni gréisser Iwwerraschung. Dat huet och domadder ze dinn, datt kee vun de potenziellen Spiller blesséiert ass. Dat ass eng Situatioun, déi de Luc Holtz schonns laang net méi hat. No senger Blessur ass de Christopher Martins nees dobäi a mam Tim Hall an dem Eldin Dzogovic sinn nees zwee Spiller mat am Kader, déi an der leschter Zäit net méi zeréckbehale goufen.
Wat elo déi 6 Ekippen, déi am Grupp J vun de Lëtzebuerger sinn, ugeet, huet de Luc Holtz ee klore Favorit fir déi éischte Plaz. An dat ass Portugal. Den Nationaltrainer sot op der Pressekonferenz, datt wann alles normal géif goen, dierften d‘Portugisen kee Match verléieren. Hien ass awer gespaant, ob den neien Trainer, de Spuenier Roberto Martinez, een neien Spillsystem wäert spille loossen, oder dee bäibehält, mat deem d‘Portugisen ënnert anerem Europameeschter goufen.
Et ass nach net kloer, ob de Cristiano Ronaldo weider fir Portugal spillt oder net. Dat soll um Freideg bekannt gemaach ginn. De Luc Holtz geet awer dovunner aus, datt hien an dëser Campagne nach dobäi ass.
Déi zwou éischt Ekippe qualifizéiere sech fir d'Europameeschterschaft. An déi Plaz kéint méi wéi ëmkämpft sinn. De Luc Holtz gesäit Bosnien/Herzegowina an d‘Slowakei op engem Niveau. Do hannendrun Island a Lëtzebuerger, déi ganz no beienee sinn. Liechtenstein ass à priori, och duerch de FIFA Ranking, deenen aneren Ekippen ënnerleeën.

De Match géint d'Slowakei ass den nächste Donneschdeg an de Match géint Portugal e Sonndeg 8 Deeg.