Um Sonndegowend huet Steesel sech mat 84 op 63 géint de Racing duerchgesat.

Déi lescht Halleffinale an der Coupe de Luxembourg am Basket gouf e Sonnden den Owend gespillt, Steesel huet sech do souverän mat 84:63 géint de Racing duerchgesat a steet elo an der Finale géint d'Musel Pikes. Déi haten um Samschdeg mat 65:59 géint Esch gewonnen.

Bei den Dammen heescht d'Finale Steesel géint Esch. D'Amicale gewënnt um Sonndeg 72 op 66 géint Konter.