E Samschdeg de Moien huet d'Mixte Staffel bei der Schwamm-WM zu Budapest beim 4 mol 100 Meter Crawl fir een Highlight gesuergt.

Aus Lëtzebuerger Siicht stoungen e Samschdeg de Moien bei der Schwamm-WM zu Budapest déi lescht Decisiounen fir d'FLNS-Athleten um Programm.

D'Julie Meynen ass bei den iwwer 50 Meter Crawl un de Start gaangen. No engem gudden Optakt gouf déi jonk Schwëmmerin um Enn déi 31. ënner 87 Konkurrentinnen.

De Quartett Julien Henx, Pit Brandenburger, Julie Meynen a Monique Olivier hunn bei de 4 mol 100 Meter Crawl een neien Landesrekord realiséiert an d'Zäit vun de Weltmeeschterschaften zu Kazan am Joer 2015 ëm 0,29 Sekonnen op 3 Minutten, 34 Sekonnen an 90 Honnertstel verbessert. Déi véier Schwëmmer goufen um Enn déi 13. vun am ganzen 21 Equippen.