Duerch de Goal vum Dan da Mota an der 60. Minutt huet Lëtzebuerg mat 1:0 géint Wäissrussland gewonnen.

Erlieft hei nach emol den 1:0 vun de Lëtzebuerger mam Jeff Kettenmeyer an dem René Peters.

De Goal vum Dan da Mota mat Commentaire
En Donneschdeg den Owend huet Lëtzebuerg mat 1:0 géint Wäissrussland gewonnen.

Och um Radio waren d'Kolleg live dobäi. Beim Franky Hippert an dem Serge Olmo klengt dat esou:

AUDIO: Emotioune vum Franky Hippert: 1:0 fir Lëtzebuerg

Grouss Emotioune da beim Schlusspëff an de Sécheren dräi Punkte fir Lëtzebuerg.

AUDIO: Ofgepaff...

De Resumé vum Match mat Videoen a Reaktiounen

Lëtzebuerg feiert déi éischt 3 Punkten an der WM-Quali.
Grad wéi virun 10 Joer huet Lëtzebuerg mat 1:0 géint Wäissrussland gewonnen.
AUDIO: FLF no Wäissrussland/Reportage Franky Hippert

Net manner wéi 10 Spiller hunn an der Lëtzebuerger Nationalequipe géint Wäissrussland gefeelt. Déi jonk Spiller, déi den Nationaltrainer Luc Holtz en Donneschdeg den Owend op den Terrain geschéckt huet, huet gutt ugefaangen an huet sech net umierke gelooss, dass hinnen et villäicht e bëssen un Erfarung feelt. D'Rout Léiwen hunn d'Gäscht fréi gestéiert an se esou ënner Drock gesat. An der 7. Minutt waren et awer d'Gäscht déi eng éischt gutt Chance haten. De Laptev huet de Joubert gepréift. An der 14. Minutt haten dunn d'Lëtzebuerger duerch den da Mota eng gutt Chance. De Spiller vum Racing huet et am Strofraum mat engem Fallrückzieher probéiert. De Ball ass nieft de Goal gaangen. An der 17. Minutt konnt de Joubert mat enger Parad e Réckstand verhënneren. De Gordeichuk war eleng virum Keeper opgedaucht.

VIDEO: De ganze Match mat Analyse am Replay
Lëtzebuerg war ze staark fir Wäissrussland.

D'Wäissrusse sinn ëmmer nees geféierlech ginn, wa si iwwer d'Säite konnte kommen. Bei der Flank hu si de groussgewuessene Laptev ëmmer erëm viséiert, dëst awer ouni den néidegen Erfolleg.

No ronn 40 Minutten haten d'Lëtzebuerger Chance, dass de Laptev säi Matspiller am Réck net gesinn huet an de Ball geholl huet obwuel hannert him ee Wäissruss ganz eleng stoung.

An den éischte 45 Minutten huet Wäissrussland awer e liicht besseren Androck wéi d'Lëtzebuerger gemaach. Bei de Roude Léiwen huet nach e bëssen d'Rou um Ball gefeelt an och déi néideg Konsequenz a Präzisioun beim leschte Pass.

D'Wäissrusse sinn no der Paus besser aus der Kabinn komm. Si hu méi fréi a besser gestéiert. An der 49. Minutt konnt de Laptev sech iwwert d'Säit duerchsetzen an huet et bis an de Strofraum gepackt, hei war säin Ofschloss awer schwaach an de Philipps konnt de Ball blocken. Kuerz drop hunn d'Wäissrussen de Ball widdert de Potto an d'Lat gesat am Géigekonter huet den da Mota de Ball ze ongenau op de Rodrigues gespillt, sou dass e Wäissruss konnt klären. An der 57. Minutt huet de Joachim et mat engem Schoss aus 25 Meter probéiert, ma de Schoss ass iwwert de Goal gaangen.

Et ass elo ëmmer nees hin an hier gaangen. An der 60. Minutt konnt dunn d'Lëtzebuerger Nationalequipe mat 1:0 a Féierung goen. Eng Flank vum Jänisch op den zweete Potto huet de Joachim mam Kapp ideal bei den da Mota weidergeleet, dësen huet sech d'Chance net huele gelooss an de Ball per Volley an de laangen Eck geschoss.

VIDEO: 1-0 Lëtzebuerg
Den Dan Da Mota trëfft an der 60. Minutt

No der Drockphas vun de Lëtzebuerger sinn d'Wäissrussen eng 15 Minutte viru Schluss nees méi geféierlech ginn. Si hunn et mat héije Bäll an de Strofraum vun der Lokalformatioun probéiert. An der 80. Minutt huet et no enger Flank vum Savitski de Laptev am Strofraum probéiert, de Ball ass knapp laanscht de Goal gaangen. De Wäissruss huet de Lëtzebuerger ëmmer nees Problemer bereet.

An der 86. Minutt huet den Olivier Thill gesinn, dass de Keeper e bësse wäit virum Goal stoung an huet et aus 35 Meter probéiert. Do huet net vill fir den 2:0 gefeelt.

Um Enn gewannen d'Lëtzebuerger mat 1:0 géint Wäissrussland a behalen déi 3 Punkten heiheem.
E Sonndeg geet et dann zu Toulouse géint d'Fransousen.

VIDEO: D'Freed nom Match
D'Léiwen am M-Block

Am Lëtzebuerger Grupp gouf et donieft nach e 4:0 vu Frankräich géint Holland an en 3:2 vu Bulgarien géint Schweden, iwwerdeems z.B. nach d’Belsch Gibraltar 9:0 iwwerrannt huet. An der Tabell steet Frankräich mat 16 Punkten op der 1. Plaz. Schweden huet op der 2. Plaz 13 Punkten. Do hannendru kommen d'Bulgare mat 12 Punkten, Holland huet der 10, Wäissrussland der 5 a Lëtzebuerg huet 4 Punkten.

Um Freideg den Owend da kënnt et ë.a. zur Partie Tschechien-Däitschland. D’Lëtzebuerger Espoiren trieden hirersäits e Freideg am Nomëtten an der EM-Qualifikatioun a Slowenien un.

Hei alleguer d'Partië vun en Donneschdeg den Owend am Iwwerbléck a mat Videoen:

Grupp A:
Lëtzebuerg - Wäissrussland 1:0
1:0 da Mota (60.)

Bulgarien - Schweden 3:2
1:0 Manolev (12.), 1:1 Lustig (29.), 2:1 Kostadinov (33.), 2:2 Berg (44.), 3:2 Chochev (79.)

Frankräich - Holland 4:0
1:0 Griezmann (14.), 2:0 Lemar (73.), 3:0 Lemar (88.), 4:0 Mbappé (91.)

VIDEO: Batter Néierlag fir Holland, Bulgarien klappt Schweden
Mat 4:0 sinn d'Hollänner géint de Vize-Europameeschter ënner gaangen. Bulgarien huet knapp 3:2 géint Schweden gewonnen.

Grupp B:
Schwäiz - Andorra 3:0
1:0 Seferovic (43.), 2:0 Seferovic (63.), 3:0 Lichtsteiner (67.)

Ungarn - Lettland 3:1
1:0 Kadar (6.), 2:0 Szalai (26.), 2:1 Freimanis (40.), 3:1 Solovjovs (68.)

Portugal - Färöer Inselen 5:1
1:0 Ronaldo (3.), 2:0 Ronaldo (28.), 2:1 Baldvinsson (38.), 3:1 Carvalho (58.), 4:1 Ronaldo (65.), 5:1 Oliveira (85.)

VIDEO: Portugal klappt d'Färöer Inselen mat 5:1
Den Europameeschter huet näischt ubrenne gelooss.

Grupp H:
Griichenland - Estland 0:0

Zypern - Bosnien-Herzegowina 3:2
0:1 Sunjic (33.), 0:2 Visca (44.), 1:2 Christofi (65.), 2:2 Laban (70.), 3:2 Sotiriou (76.)

Belsch - Gibraltar 9:0
1:0 Mertens (16.), 2:0 Meunier (18.), 3:0 Lukaku (21.), 4:0 Witsel (27.), 5:0 Lukaku (38.), 6:0 Hazard (45.), 7:0 Meunier (61.), 8:0 Meunier (67.), 9:0 Lukaku (82.)

VIDEO: D'Belsch schéisst Gibraltar of
Ganzer 9 Goaler an zwou rout Kaarten hunn dëse Match markéiert.

[widget type="liveticker" ticker="cat_live_310817"]