Di lescht Deeg war den traditionelle Stage vun der Football-Nationalequipe, um Mëttwoch stoung e Gruppecoaching mat der Sportpsychologin um Programm.

E Samschdeg an en Dënschdeg spillen d'Rout Léiwen an der WM-Qualifikatioun géint Schweden a Bulgarien. Bei esou Qualifikatiounsmatcher ass et grad wichteg dem Drock meeschter ze ginn an d'Nerven ze behalen, als Team staark um Terrain ze stoen.

Datt se et kënnen, hu se scho géint d'Fransouse bewisen, ma am Virfeld vun de Spiller géint Bulgarien a Schweden gëtt sech weider op alle Niveaue virbereed - an och am Kapp.

Wéi um sport-psychologesche Plang do mat de Footballiste geschafft gëtt, war d'Violetta Caldarelli sech e Mëttwoch ukucken.