Interreg: E Projet, dee sportlech a finanziell eppes bréngt
An de leschte Jore krut de Judo hei am Land, mat de Regioune vun de Nopeschlänner finanziell Mëttel vun der EU fir hiren interregionale Projet.
Dat ganzt gëtt elo weidergefouert, an d'Saarland, Rheinland-Pfalz, de Grand Est a Lëtzebuerg kréien iwwert dee Wee 1,5 Milliounen Euro. Doduerch konnt ee sech elo, wat den Interreg. ugeet, och professionaliséieren, dozou de Charel Stelmes, President vun der Confederatioun vum Judo vun der Groussregioun: De Projet gëtt eis d'Chance de Judo op allen Ebenen weider ze entwécklen an der ganzer Groussregioun. De Judo ass eng Sportaart, do brauch ee Géigner fir besser ze ginn an doduerch, dass mir zesumme schaffe, brénge mir et fäerdeg, dass eis Athleten aner Trainingsméiglechkeete kréien. Mir bréngen et fäerdeg attraktiv Competitiounen an d'Groussregioun ze kréien. Mir bréngen et hoffentlech fäerdeg nei Sponsoren ze fannen. Um Niveau vun der Veräiner, déi iwwert d'Grenzen eraus schaffen, wou Kanner an de nämmlechte Veräiner ageschriwwe ginn.
Nieft engem Haaptberufflechen Coordinateur Generale aus dem Saarland, konnt och de Lëtzebuerger Tom Schmit, dee Sport studéiert huet, als Sport-Coordinateur fir den Interreg-Projet, mat elo emol enger hallwer Tâche engagéiert ginn. De Lëtzebuerger Judoka ass iwwregens och e Freideg de Mëtteg um 13.30 Auer Invité bei eis am Radio Sport-Club.