Dës Woch koum d'Annonce, datt den Interreg-Projet am Judo weidergefouert gëtt.

AUDIO: De Radio Sport-Club mam Tom Schmit

Den Interreg-Projet am Judo gëtt weider gefouert. Duerch déi interregional Zesummenaarbecht tëscht den 5 Regiounen, dem Saarland, Rheinland, der Pfalz, dem Grand Est a Lëtzebuerg, kritt dës Confederatioun 1,5 Milliounen Euro vun der europäescher Unioun. E Freideg de Mëtteg um 13.30 Auer huet den Tom Schmit am Radio Sport-Club erkläert, wéi dat ganzt ausgesäit.

De 25 Joer ale Judoka ass selwer nach op internationalem Plang aktiv. De Sportstudent schreift am Moment seng Master-Aarbecht op der Uni zu Stroossbuerg, an huet awer och eng wichteg Roll am Interreg.-Projet. Hien huet nämlech eng hallef Tâche als Sportcoordinateur fir d'Groussregioun kritt.

Kuerzfristeg ass elo och schonn nees eng interregional Kompetitioun mam Interreg-Equipechampionnat zu Uewerkuer virgesinn.

Dee Mann, deen dat ganzt an d'Liewe geruff huet, an erausfonnt hat, datt een duerch des interregional Zesummenaarbecht considerabel finanziell vun der EU Ënnerstëtzung ka kréien, ass de Charel Stelmes. Den Iwwerraschungsgaascht vum Tom Schmit am Radio Sport-Club gleeft drun, datt den Interreg-Projet Nohalteg ass.

Bei internationalen Optrëtter versicht een dann och d'Grenze verschwannen ze dinn.

Duerch besser Trainingsméiglechkeeten, an méi eng enk Zesummenaarbecht vun de 5 Regiounen erhofft ee sech net nëmmen besser Resultater bei der Elite, ma och e generellt klamme vun der Attraktivitéit vun dëser japanescher Kampfsportaart hei am Land.

AUDIO: Resumé Radio Sport-Club mam Tom Schmit

Radio-Sport-Club: freides vun 13h30 bis 14h00 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu. Duerno am Replay op RTL.lu (Video an Audio).