FLNS Kongress
Schwamme soll och am jonken Alter gefuerdert ginn

E Samschdeg war zu Eeschweller bei Wolz de Kongress vun der FLNS, der Lëtzebuerger Schwammfederatioun.
Gréisser Iwwerraschunge sinn ausbliwwen. De President Marco Stacchiotti ass op verschidde sportlech Projeten agaangen.
Ervirzehiewen ass do d'Formatioun vum Léierpersonal am Fondamental, déi d'Federatioun zesumme mam Sportministère wäert organiséieren.
Bei dësem Projet geet et ënnert anerem drëms de Kanner schonns am jonken Alter d'Schwamme richteg bäizebréngen.
AUDIO: Kongress vun der FLNS/Reportage Fränz Schneiders
Am meeschte gelies