Coupe am Handball
Käerjeng géint Bierchem an der Halleffinall

E Mëttwoch den Owend goufen an der Halbzeit vum Lännermatch Lëtzebuerg géint Russland d'Halleffinallen an der Coupe bei den Hären a bei den Damme gezunn.
Den Inneminister Dan Kersch, de Justizminister Felix Braz, de Staatssekretär Camille Gira an de Romain Schockmel hunn d'Halleffinalle gezunn.
Bei den Häre kënnt et zu de Partië Käerjeng géint Bierchem an Diddeleng géint Péiteng. Bei den Damme kritt den HBD et mat de Käerjenger Dammen ze dinn a Schëffleng spillt géint de CHEV Dikrech.
D'Partien am Iwwerbléck:
Hären:
HB Käerjeng - HC Bierchem
HB Diddeleng - HB Péiteng
Dammen:
Schëffleng - CHEV Dikrech
HB Diddeleng - HB Käerjeng
Am meeschte gelies