Déi Lëtzebuerger Tennisfederatioun huet elo de Kader fir d'Davis-Cup Partie Ufank Februar a Rumänien matgedeelt.

De Kapitän Johny Goudebour huet de Christophe an de Robi Tholl, den Ugo Nastasi an eng éischte Kéier de Raphael Calzi nominéiert. De Gilles Muller ass ëm déi Zäit am gaangen, d'ATP-Turnéier an Europa ze preparéieren. Den Alex Knaff ass wéinst senge Studien an den USA, an den Tom Diederich ass blesséiert. De Masters-Gewënner Gilles Kremer war jo och schonn zejoert net méi zeréckbehale ginn, well ee bei der FLT op d'Jugend wëll setzen.