Mat 18:6 konnten d'Steelers sech bei de Riedisheim Patriotes duerchsetzen.

Et war am zweete Quarter, wou den Jason Ribeiro déi éischt 6 Punkte fir d'Lëtzebuerger konnt markéieren, esou datt et an der Paus och 0:6 aus der Siicht vun der Heemequipe vu Riedisheim stoung.

An der zweeter Hallschent war et nees de Runningback vun de Steelers deen zwee Mol an d'Endzone konnt lafen. Am Ufank vum drëtte Véierel haten d'Patriotes zu engem Moment op 6:12 verkierzt. Um Enn konnten déi Diddelenger de Match mat 18:6 gewannen.