Virun engem voll besaten Amphitheater vum CHL hunn eng ganz Rei Doktere probéiert, de Leit de Sport als Therapie méi no ze bréngen.

Wann et fréier esou war, datt e Kranken an d’Bett gehéiert huet, esou ass een haut der Iwwerzeegung, datt Beweegung e bëllegt an effikasst Medikament ass.

De Kardiolog Dr. Charel Delagardelle huet eng Etüde virgestallt, déi beseet, dat eng reegelméisseg physesch Aktivitéit de Mortalitéitsrisiko däitlech erofsetzt. Zanter 35 Joer treffen zu Esch, an der Stad an zu Ettelbréck Häerzpatiente sech, fir ënner medezinescher Opsiicht Sport ze maachen.

Den Dr. René Metz huet drop higewisen, datt bei Parkinson an MS de Sport eng ganz wichteg therapeutesch Mesure ass.

Esouguer bei de „maladies rares“ kënnen Aquagym, Yoga a Zumba hëllefen – sot den Dr. Jos Even. An deem Sënn sinn och Reitstonne fir Kanner ze gesinn.

De Kinesitherapeut Patrick Feiereisen huet ënnerstrach, datt kierperlech Fitness déi wichtegst Viraussetzung ass fir e gesond Liewen. Méi wichteg wéi säi Gewiicht ze reduzéieren ass den Opbau vun der Muskulatur.

Fir all déi Krankheete ginn et Associatiounen, déi de Patient begleeden a mat Beweegung probéieren, seng Liewensqualitéit ze verbesseren. Dat ass awer wéineg bekannt. Duerfir huet d’FLASS all déi verschidde Gruppen zesummegeschloss. Elo geet et drëms, d‘Leit iwwer déi bestoend Offer ze informéieren.

Eigentlech misst dat jo den Dokter an der Praxis maachen. Dozou huet den Dr Fernand Ries eng ganz interessant Ausso gemaach. Meeschtens feelt et bei der Consultatioun un der néideger Zäit. D’Salle d’Attente ass voll, an den Dokter ass ënner Drock.

E Medikament ze verschreiwen dauert 2 Minutten. De Patient vum Sport als Therapie ze iwwerzeegen hëlt vill méi Zäit an Usproch. Zäit, déi den Dokter dacks net huet.

De Rôle vun der Informatioun a vun der Motivatioun läit duerfir bei der FLASS.

AUDIO: FLASS: Reportage am Virfeld vun der Matinée vum Guy Seyler.

All Informatioune fannt dir ënner www.flass.lu