Käerjeng verpasst zu Diddeleng de Sprong un d'Tabellespëtzt

© Gilles Tricca
Den HB Diddeleng konnt sech e Samschdeg an enger enker Partie mat 29 op 28 géint d'Ekipp vu Käerjeng behaapten.
Nach ass am Titelgrupp vum Lëtzebuerger Handballchampionnat keng Decisioun ëm den Titel gefall. Dëse Weekend gouf de 7. vun am ganzen 10. Spilldeeg gespillt.
E Samschdeg krut den HB Diddeleng Besuch vu Käerjeng. Déi Diddelenger haten ee ganz gudde Start erwëscht a konnte 5 Goler hannertenee markéieren, fir mat 5:1 a Féierung ze goen. Déi Käerjenger konnten dorop zwar reagéieren a verkierzen, mee si sinn awer de ganzen Zäit hannendru gelaf a waren ëmmer ee bis zwee Goler am Réckstand. An der Paus war et eng knapp Féierung vun engem Gol zu Gonschte vum HB Diddeleng.
Zum Ufank vun der zweeter Hallschent konnte si hire Virsprong nees op 3 Goler ausbauen, ma Käerjeng huet nach ëmmer net labbergelooss.
Et sollt fir d'Gäscht awer net méi duergoen, fir ze gewannen. Um Enn wënnt Diddeleng also mat 29 op 28 géint Käerjeng. Käerjeng verpasst domadder de Sprong un d'Spëtzt vun der Tabell. Si leie mat engem Réckstand vun 0,5 Punkten op der zweeter Plaz. Bierchem steet un der Spëtzt, dat duerch d'Victoire e Freideg den Owend géint Péiteng.
E Freideg den Owend ware schonn zwou Partien. Bierchem huet hei wéi erwaart mat 36:19 géint Péiteng gewonnen. An der éischter Hallschent hat Bierchem nach seng Problemer, fir sech vu Péiteng ofzesetzen. D'Gäscht hunn nämlech gutt dogéint gehalen an esou stoung et no 24 Minutten 10:10. D'Lokalekipp huet dunn eng Kéier kuerz opgedréint a konnt sech bis d'Paus ee Virsprong vu 4 Goler erausspillen, sou datt et 14:10 stoung. No der Paus hat Péiteng net méi vill entgéint ze setzen an esou stoung et no 42 Minutten 24:14. Bierchem huet säi Spill bis zum Schluss duerchgezunn, fir um Enn ganz kloer mat 36:19 géint Péiteng ze gewannen.
An der zweeter Partie war et méi enk. No enger dramatescher Schlussphas hat Esch bei de Red Boys dat bessert Enn fir sech a gewënnt mat 31:30. Vun Ufank u war d'Partie tëscht béiden Ekippe ganz ausgeglach an et stoung no 30 Minutten 30:30. D'Red Boys sinn du besser aus der Kabinn komm a konnte sech e liichte Virsprong erausspillen, sou datt si no 43 Minutte mat 24:20 a Féierung loungen. Den HB Esch huet e bësse gebraucht, fir dëse Réckstand nees gutt ze maachen, mä no 54 Minutte war et esouwäit an et stoung 27:27. De Schluss vum Match war du ganz enk. A leschter Sekonn ass dem Christian Bock nach den decisive Gol gelongen, sou dat Esch mat 31:30 zu Déifferdeng gewënnt.

© RTL Radio Lëtzebuerg / Serge Olmo