An engem Spill fir den 30. Spilldag huet Mainz géint Freiburg gewonnen. Dat no 2 Goler vum De Blasis.

Freiburg hat zënter 2 Méint op eng Victoire gewaart. Et sollt net sinn. Freiburg ass mat dëser Néierlag den neien Drëttlëschten.

Duerch dës Victoire sinn déi Mainzer elo an der Tabelle op déi 15. Plaz no vir geréckelt.

Fir den HSV a Köln gëtt et domat ëmmer méi enk, den Ofstig ze verhënneren. Si hunn elo 8 respektiv 9 Punkte Réckstand op Freiburg.

Kuriéis Aktioun

De Schiidsriichter hat d'Partie scho fir d'Halbzeit ofgepaff, wéi hien en Eelefmeter decidéiert huet. Zu dem Zäitpunkt waren d'Gäscht awer schonn an de Kabinnen. Eréischt 7 Minutten dono, wéi d'Equippen nees um Terrain stoungen, hunn di Mainzer den Eelefmeter erageschoss.