Wéi all Joer huet den Telstar vun Hesper déi bescht Lëtzebuerger Spiller aus dem Jugendberäich op säin traditionellen All Star Day invitéiert.

Et ass wichteg de Nowuess ze fuerderen, ze ënnerstëtzen an hinnen no enger laanger Saison dann och een Dag ze ginn, wou se richteg Spaass mateneen hunn.

Den All Star Day bei der Jugend, eng Iddi, déi den Telstar vun Hesper an d'Liewe geruff huet, an deen och e Samschdeg erëm e grousse Succès hat.

De Joé Feiereisen war laanscht kucken.