De Progrès Nidderkuer huet e Mëttwoch op enger Pressekonferenz de Yannick Bastos presentéiert.

De Bastos ënnerschreift beim Progrès ee Kontrakt vu 4 Joer. De Bastos, deen zanter 2015 fir Déifferdeng 03 spillt, kritt zu Nidderkuer den Trikot mat der Nummer 9.

De 25 Joer ale Sportler ass och schonns fir d'Lëtzebuerger Nationalekipp opgelaf a war fir e puer Méint an England bei d'Bolton Wanderers gewiesselt, do huet hie fir d'U23 gespillt.

De Yannick Bastos ass, nom Marvin Martins, Tim Hall, Igor Teles a Farid Ikene, schonns de 5. neie Spiller bei de Schwaarz-Gielen.