Eigentlech geheiert den Handbäll jo an d'Hal. Mä emol am Joer mécht d'Lëtzebuerger Handballfamille e klengen Ausfluch an d'Gréngs.

Dëse Weekend war déi 19. Editioun vum "Wisi-Cup", dat zu Rodange um Futtballsterrain. Et ass deen eenzege Wissenhandball-Turéier an der Groussregioun, dat fir d'Kanner a Jugendlecher tëscht 6 a 17 Joer. 400 Spiller a Spillerinnen, aus 51 Ekippen, dorënner aus Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich an der Belsch, waren zu Péiteng um Depart.