Dräi Deeg virum Optakt vun der Futtball-WM waren e Méindeg den Owend verschidde weider Test-Matcher. D’Belsch huet 4-1 géint Costa Rica gewonnen.

De Senegal setzt sech 2-0 géint Südkorea duerch. Éisträich hat schonn e Sonndeg 0-3 géint Brasilien verluer.

E Méindeg gouf jo iwwregens bekannt, dass de Robbie Williams bei der Ouverture-Zeremonie zu Moskau en Donneschdeg wäert optrieden, zesumme mam fréiere brasilianesche Weltfuttballer Ronaldo.