Ewéi "Het Laatste Nieuws" an "Het Nieuwsblad" mellen, soll Düsseldorf elo awer verstäerkten Intressi um Laurent Jans weisen.

Säi Veräin Waasland-Beveren huet him schonns accordéiert, dass hien de Club verloossen dierft, dat obwuel hien ee Vertrag bis 2019 huet.

Bis heihinner huet de franséische Club FC Metz wuel déi beschte Kaarte gehat, fir de Lëtzebuerger ze engagéieren, ma elo schéngt d'Fortuna Düsseldorf besser Chancen ze hunn.