De Julen Lopetegui wäert d'spuenesch Nationalekipp net op der WM coachen. De spuenesche Verband huet kuerz drop och schonn den Ersatz-Mann annoncéiert.

Een Dag virun der WM an zwee Deeg virun hirer éischter Partie géint Portugal huet de spuenesche Verband den Nationaltrainer Julen Lopetegui erausgehäit.
De Coach gouf en Dënschdeg als neien Trainer vu Real Madrid ugekënnegt an dëst ass beim spuenesche Verband guer net gutt ukomm.

© AFP

De Lopetegui hat eréischt am Mee säi Kontrakt bei der Federatioun bis 2020 verlängert.

De Fernando Hierro, fréiere Kapitän vu Real Madrid an den Ament Sportdirekter beim spuenesche Verband, wäert de Posten als Trainer iwwerhuelen.