E Mëttwoch ass um FIFA-Kongress d'Entscheedung gefall, wou d'Weltmeeschterschaft am Joer 2026 wäert sinn.

Um Enn hu si sech fir d'USA, Mexiko a Kanada decidéiert. Déi dräi Länner hu sech domat géint Marokko duerchgesat, déi och kandidéiert hunn.

AUDIO: WM 2026 / Reportage Jeff Kettenmeyer

Et wäert dann och déi éischt Weltmeeschterschaft sinn, wou 48 Länner deelhuelen, dat sinn der 16 méi, ewéi nach bei dëser WM.

Lëtzebuerg hat fir Marokko gestëmmt, wat sech och nom Kommentar vum FLF-President Paul Philipp ugedeit hat.