Kuerz virun der Futtball-Weltmeeschterschaft ass et esou wäit: Panini bréngt de Sticker-Album, mat de Spiller, déi op der WM sollen dobäi sinn, eraus.

Fir vill Leit geet et an de leschte Wochen net ouni: Si kafe se, rappen d'Päckelcher op, huelen déi kleng Pechbiller eraus an hoffen dann, datt se net grad déi schonn hunn - d'Panini-Biller fir d'Futtball-Weltmeeschterschaft.

En Donneschdeg fänkt d'WM jo zu Moskau un an do wier et net schlecht, wann ee säin Album (bal) voll hätt.

Mir hunn e Mann kenne geléiert, deen d'Albume vun alle Weltmeeschterschaften huet a waren op eng Panini-Tausch-Bourse kucken, firwat de Fans dee Sammel-Spaass esou vill Sue wäert ass.