D'Lëtzebuergerin huet sech am Tour vun de leschten 8 mat 6:0 a 6:1 géint d'Basak Eraydin aus der Tierkei duerchgesat.

Beim ITF -Tennis Tournoi zu Essen an Däitschland, steet d'Mandy Minella an der Halleffinall. Hei kritt d'Lëtzebuergerin et mat der Däitscher Lena Rüffer ze dinn. D'Qualifikantin huet an dräi Sätz mat 3:6, 6:1 a 6:0 géint d'Japanerin Yuki Naito gewonnen.