Zesumme mat e puer Aarbechtskollegen an engem Student huet de Christophe Ley e Modell entwéckelt, fir mat enger Statistik de Weltmeeschter ze bestëmmen.

De Christophe Ley ass Fuerscher an der Statistik op der Uni zu Gent a passionéierte Futtball- a Sportfan. Zesumme mat e puer Aarbechtskollegen an engem Student huet de Lëtzebuerger e Modell entwéckelt, mat deem een eng Statistik kritt, wéi et eventuell op der Futtball-Weltmeeschterschaft kéint ausgoen.

Fir unzefänken, hunn d'Fuerscher als éischt Faktore bestëmmt, déi vu Wichtegkeet sinn. Hei ginn ënnert anerem economesch a sportlech Faktore gekuckt, d'Gréisst vum Land spillt eng Roll an och wéi vill Spiller aus engem Veräin an der Ekipp sinn. An da gëtt och nach gekuckt, wéi staarkt eng Ekipp an de leschten 8 Joer war, wat um Enn de wichtegste Faktor ass, sou de Christophe Ley.

Aus éischte Berechnunge géif sech no der Virronn e Bild erginn, wou zum Beispill d'Gruppe B a G déi gréisste Wahrscheinlechkeet hunn, op de Positiounen 1 an 2 mat Spuenien a Portugal respektiv der Belsch an de Brite besat ze sinn.

Ass Spuenien ugangs vum Tournéier rechneresch déi favoriséiert Ekipp, sou kéint dat vun der Véirelsfinall un änneren. Wann Däitschland an d'Véirelsfinall kënnt, da si si bei wäitem de Favorit op den Titel an net méi Spuenien.

Wat d'Zouverlässegkeet ugeet, sou kann een awer schwéier aschätzen, wéi konkret dës Konstellatioune kéinte ginn.

De Sport am Allgemengen ass a bleift onberechenbar, och wann an de leschte Joere villes méi professionell ginn ass.

Deemno heescht et ofwaarden op de Chercheuren hire Modell déi richteg Äntwerte liwwert, wann net da bleift nach ëmmer d'Hëllef vun den Orakel déi gären eng Hand mat upaken.